All episodes

Een oder méi Loch Ness'en a schwaarz Kazen, déi lafen, an dat am Léifsten am Bësch an an de Bierger - mam Alain Scheuer

Een oder méi Loch Ness'en a schwaarz Kazen, déi lafen, an dat am Léifsten am Bësch an an de Bierger - mam Alain Scheuer

‧ 69m 15s

Säin Fussballtrikot mat der Nummer 13 huet den Alain scho viru Joren ewech gepak. D'Lafe steet dofir awer reegelméisseg um Programm — am Léifsten Trails. An der Leef huet hien der schonn eng Jett erof. Et geet him och net duer just ze lafen an nieft sengem eegene Lafgrupp, de Black Cat Runners, organiséiert hien aktuell säin éischte 24H-Backyard trail zu Käerch. Enn des Mounts ass et esou wäit an et ass derwäert kucken ze kommen! Keng Angscht an dëser Episod geet awer net just ëm d'Lafen. Den Alain hat vill "Géigestänn" dobäi a Biolog ass hien och net. Merci Alain fir däin zweeten Optrëtt bei...

Ni langweileg an ëmmer cool, en neie Rekord un Shout-outs a komm mir sinn all méi ewéi de Mathis - mam Nicole Bausch

Ni langweileg an ëmmer cool, en neie Rekord un Shout-outs a komm mir sinn all méi ewéi de Mathis - mam Nicole Bausch

‧ 68m 53s

Wou soll een do ufänken? Mam Nicole aka Nicool aka Nikki Ninja gëtt et definitiv net langweileg a mir feieren eng cool Episod mat villen Themen an nach méi Shout-outs un aner Museker an an an. Gär mat zielen an onbedéngt vum Mathis léieren - d'Welt wier eng besser wa mir all esou wieren ewéi hien! Merci dann och fir d'Traumabewältegung wéinst der verluerener 3-Eechelen-Episod. P.S.: De Chris schëllegt eis all eng Kopplabunz!

Eis Trilogie-Finall: déi grouss Fail Review, eng wichteg Reklamm an e bësse méi - Summer Sessions 2026 (3/3)

Eis Trilogie-Finall: déi grouss Fail Review, eng wichteg Reklamm an e bësse méi - Summer Sessions 2026 (3/3)

‧ 54m 48s

Den éischte Fail vun dëser Episod: se kënnt net den 19/08, mee den 21/08 raus. Soss gouf et nach aner Fails am Laf vun der Zäit iwwert déi mir an dëser Episod schwätzen. Fir de Rescht weidert Gelabberts iwwert déi verlueren Epsiod, Sport,... an eng Reklamm fir eisen allerbeschter Summer Sessions Support, Ortea!

Vum Éierefan zum spontane Gaascht an säin Afloss wisou et eise Podcast iwwerhaapt gëtt - mam Anne Hierzig

Vum Éierefan zum spontane Gaascht an säin Afloss wisou et eise Podcast iwwerhaapt gëtt - mam Anne Hierzig

‧ 87m 31s

Hat war dat Éischt wat sech op eise spontanen Opruff gemellt huet a mir si frou doriwwer: d'Anne ass net just ee grousse Fan, mee och iergendwou schold, dass mir iech mat dësem Podcast nerven. Doriwwer a villes méi, kanns du hei lauschteren. Ass och vill besser ewéi all Héierbuch. Merci Anne an och un all aner Persoun, déi dobäi wollt sinn. Bis ganz geschwënn!

Ee Special am Special: live vum Beautiful Decay mat siwe fantastesche Gäscht - Summer Sessions 2026 (2/3)

Ee Special am Special: live vum Beautiful Decay mat siwe fantastesche Gäscht - Summer Sessions 2026 (2/3)

‧ 65m 11s

Déi zweet Summer Session hu mir eis et net konnten huele loossen awer déi eng oder aner Persoun un de Mikro ze huelen. Den drëtten Dag um Beautiful Decay gouf et einfach ze vill ze zielen an ze froen. Siwe Gäscht - dat hannerteneen. Mam Alain Welter hu mir eise léifste Kënschtler vum Festival kuerz zu Wuert komme gelooss. D'Laure Cales an den Alain Scheuer, déi sech ëm de Samschdes- a Sonndes-Moies-Sport gekëmmert hunn, dropen dann bei eis exklusiv ee super gemeinsaamt Event. D'Roxane Swiercz an den Damien Giudice (Boy From Home) erzielen aus dem Craftwork Village a verkafe weider...

Vill Geschichten, ee super Programm an herrlech Leit um Rudder vun engem geniale Festival - mat der Beautiful Decay Crew

Vill Geschichten, ee super Programm an herrlech Leit um Rudder vun engem geniale Festival - mat der Beautiful Decay Crew

‧ 69m 26s

Véier Gäscht op ee Coup - dat war nei a brauche mir all net all Kéiers. Maach dech op vill Chaos gefaasst! Et war awer definitiv derwäert a mir haten esou vill Spaass! Mam Thierry, Marc, Damien a Max schwätze mir iwwert de Beautiful Decay, ee Festival den een dierf erlieft hunn. Vum 10. bis den 12. Juli zu Käerch am Schlass ass the place to be. Eis fënns du och do - Sonndes, den 12/07 - a wann's du léif bass dierfs du Gaascht bei eis sinn. Mir freeën eis!

Alles iwwert eisen neie Lieblingstéi an eng besonnesch Zesummenaarbecht - mam Stephan Kneip

Alles iwwert eisen neie Lieblingstéi an eng besonnesch Zesummenaarbecht - mam Stephan Kneip

‧ 67m 49s

An sengem Büro an/oder Doheem, hu mir de Grënner vun Ortea - de Stephan - vum schaffen ofgehalen. Selten hu mir esou eng motivéiert an éiergäizeg Persoun kennegeléiert! Mee mir ginn net just inspiréiert heem: mir wëssen elo alles iwwert säin Téi, ewéi wichteg him säi Laptop ass, d'Virdeeler vun engem Gilet,... a mir hunn eis éischt Collab an der Täsch. Jo, richteg gelies. Du wëlls méi wëssen? Dann vill Spaass beim Lauschteren! Een Tipp: mat enger kaler Ortea genéisst se sech nach besser. Stephan, mir gesinn eis an fënnef Joer!

Onpreparéiert am Schluechthaus mat Picon Béier an Anekdote vu fréier - mam Vic Bové

Onpreparéiert am Schluechthaus mat Picon Béier an Anekdote vu fréier - mam Vic Bové

‧ 88m 58s

Okay vläicht hu mir awer net alles krass anescht gemaach: mir waren nees net wierklech preparéiert a mir haten erëm ee super sympathesche Gaascht. Mam anscheinend eenzege Vic hu mir eis iwwert seng Musek an déi gutt al Zäite verlabert - Jo, mir hu schonn erëm eng nei längsten Episod. Dëst am Hollerecher Schluechthaus ëmgi vu Konscht a Kultur. An dat mat Waasser, ahh nee Kaffi, oder awer Picon Béier. D'Geschichte sinn zum Deel wouer, anerer net. Wien weess dat schonn. Vill Spaass beim Lauschteren, och vum V.I.C senger Reimkickkonscht!
In loving memory of Pascal vu Wooltz.

Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher

Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher

‧ 79m 21s

Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wësse mir et och net. Mir soen eisem 'Man of Steel' Merci! Btw: Mir waren am Amarcord a kënnen de Veggie Burger empfeelen. De Limoncello ass och gutt!