Ongefiltert Podcast

Mir, de Chris an de Pier, maache Podcast. Et ginn der einfach nach net genuch. 100% ongefilterte Chaos Podcast mat Humor, Real Talk an de beschte Gäscht. Nei Episod all 1. Méinden am Mount. Vill Spaass beim Lauschteren!

Nach méi op Instagram: ongefiltert.podcast

Ongefiltert Podcast

Latest episodes

Een oder méi Loch Ness'en a schwaarz Kazen, déi lafen, an dat am Léifsten am Bësch an an de Bierger - mam Alain Scheuer

Een oder méi Loch Ness'en a schwaarz Kazen, déi lafen, an dat am Léifsten am Bësch an an de Bierger - mam Alain Scheuer

‧ 69m 15s

Säin Fussballtrikot mat der Nummer 13 huet den Alain scho viru Joren ewech gepak. D'Lafe steet dofir awer reegelméisseg um Programm — am Léifsten Trails. An der Leef huet hien der schonn eng Jett erof. Et geet him och net duer just ze lafen an nieft sengem eegene Lafgrupp, de Black Cat Runners, organiséiert hien aktuell säin éischte 24H-Backyard trail zu Käerch. Enn des Mounts ass et esou wäit an et ass derwäert kucken ze kommen! Keng Angscht an dëser Episod geet awer net just ëm d'Lafen. Den Alain hat vill "Géigestänn" dobäi a Biolog ass hien och net. Merci Alain fir däin zweeten Optrëtt bei...

Ni langweileg an ëmmer cool, en neie Rekord un Shout-outs a komm mir sinn all méi ewéi de Mathis - mam Nicole Bausch

Ni langweileg an ëmmer cool, en neie Rekord un Shout-outs a komm mir sinn all méi ewéi de Mathis - mam Nicole Bausch

‧ 68m 53s

Wou soll een do ufänken? Mam Nicole aka Nicool aka Nikki Ninja gëtt et definitiv net langweileg a mir feieren eng cool Episod mat villen Themen an nach méi Shout-outs un aner Museker an an an. Gär mat zielen an onbedéngt vum Mathis léieren - d'Welt wier eng besser wa mir all esou wieren ewéi hien! Merci dann och fir d'Traumabewältegung wéinst der verluerener 3-Eechelen-Episod. P.S.: De Chris schëllegt eis all eng Kopplabunz!

Eis Trilogie-Finall: déi grouss Fail Review, eng wichteg Reklamm an e bësse méi - Summer Sessions 2026 (3/3)

Eis Trilogie-Finall: déi grouss Fail Review, eng wichteg Reklamm an e bësse méi - Summer Sessions 2026 (3/3)

‧ 54m 48s

Den éischte Fail vun dëser Episod: se kënnt net den 19/08, mee den 21/08 raus. Soss gouf et nach aner Fails am Laf vun der Zäit iwwert déi mir an dëser Episod schwätzen. Fir de Rescht weidert Gelabberts iwwert déi verlueren Epsiod, Sport,... an eng Reklamm fir eisen allerbeschter Summer Sessions Support, Ortea!

Vum Éierefan zum spontane Gaascht an säin Afloss wisou et eise Podcast iwwerhaapt gëtt - mam Anne Hierzig

Vum Éierefan zum spontane Gaascht an säin Afloss wisou et eise Podcast iwwerhaapt gëtt - mam Anne Hierzig

‧ 87m 31s

Hat war dat Éischt wat sech op eise spontanen Opruff gemellt huet a mir si frou doriwwer: d'Anne ass net just ee grousse Fan, mee och iergendwou schold, dass mir iech mat dësem Podcast nerven. Doriwwer a villes méi, kanns du hei lauschteren. Ass och vill besser ewéi all Héierbuch. Merci Anne an och un all aner Persoun, déi dobäi wollt sinn. Bis ganz geschwënn!