Ongefiltert Podcast

Mir, de Chris an de Pier, maache Podcast. Et ginn der einfach nach net genuch. 100% ongefilterte Chaos Podcast mat Humor, Real Talk an de beschte Gäscht. Nei Episod all 1. Méinden am Mount. Vill Spaass beim Lauschteren!

Nach méi op Instagram: ongefiltert.podcast

Ongefiltert Podcast

Latest episodes

Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher

Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher

79m 21s

Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wësse mir et och net. Mir soen eisem 'Man of Steel' Merci! Btw: Mir waren am Amarcord a kënnen de Veggie Burger empfeelen. De Limoncello ass och gutt!

Am Beet iwwert Content Creation, Reklammen fir eemol alles, Déieren op Inselen a ganz vill méi - mam Cecilia Said Vieira

Am Beet iwwert Content Creation, Reklammen fir eemol alles, Déieren op Inselen a ganz vill méi - mam Cecilia Said Vieira

73m 4s

Dat huet Spaass gemaach! Eng Episod iwwert Podcast a Social Media, Reklammen ënnert anerem fir Capri Sonne, ewéi een sech am Beschte Moie seet, dem Ceci seng rosa Switch a wat hat am Léifste spillt, wien am Meeschten "absolut" gesot huet,… Gars, hei gëss du vill gewuer! Merci un dech fir d’Lauschteren an un de Restaurant Beet fir de super Accueil.